Verkaf.lu
Iwwer eis & Sécherheet
Wien hannert Verkaf.lu steet — a wéi Dir sécher kaaft a verkaaft.
🇱🇺 Iwwer eis
Verkaf.lu ass déi lokal Maartplaz fir Lëtzebuerg. Eis Missioun: Kafen a Verkafe soll einfach, gratis a sécher si — fir jiddereen am Land.
Amplaz Saachen ewechzegeheien, kréien se en zweet Liewen. Dat spuert Suen, schount d'Ëmwelt a bréngt Noperen zesummen. 100% entwéckelt a Lëtzebuerg, 100% gratis fir Privatleit.
🧪 Beta-Phase: Verkaf.lu ass am Moment eng gratis Testversioun (Beta) — e privaten Hobby-Projet ouni kommerziell Aktivitéit. Alles ass 100 % gratis, fir Privatleit grad wéi fir Professioneller. D'Beta-Phase leeft nach bis Enn 2026 — duerno gi mir offiziell live, mat flotte neie Fonctiounen. Bis dohin: einfach testen, verkafen a kafen, alles gratis.
🌍 Firwat eppes aus Spuenien, Holland oder Litauen liwwere loossen, wann datselwecht Produkt just 10 Minutte vun dir ewech ass? All lokalen Akaf spuert Transportweeër, entlaascht d'Stroossen a schount d'Ëmwelt — sou hëlleft e ganzt Land mat. An du spuers dobäi Suen: beim Ofhuelen ëm den Eck falen guer keng Versandkäschten un.
100 %
Gratis fir Privatleit
🇱🇺
Entwéckelt zu Lëtzebuerg
🔒 Sécherheetstipps
Déi meescht Transaktioune si problemlos. Mat dëse Reegele bleift et esou:
🤝
Trefft Iech perséinlech
Iwwerpréift den Artikel virum Bezuelen. Trefft Iech op enger ëffentlecher Plaz — Parking, Café, Gare.
💶
Bezuelt bei der Iwwergab
Keng Virauszahlungen un Onbekannter. Boergeld oder Payconiq bei der Iwwergab ass am séchersten.
💬
Bleift am Verkaf.lu-Chat
Kommunizéiert iwwer eise Chat. Virsiicht wann een direkt op WhatsApp oder E-Mail wiessele wëll.
🚩
Ze schéin fir wouer ze sinn?
Extrem niddreg Präisser, Zäitdrock oder komesch Linken si Warnsignaler. Am Zweifel: Fanger ewech.
⭐
Kuckt d'Bewertungen
Bestätegt Konten a gutt Bewertunge si e gutt Zeechen. No all Transaktioun kënnt Dir selwer bewäerten.
📢
Verdächteges mellen
Mellt verdächteg Annoncen oder Benotzer un
info@verkaf.lu — mir kucken eis all Meldung un.
🏷️ Tipps fir Verkeefer
Sou verkaaft Dir Är Saache méi séier — a fir e bessere Präis:
📸Gutt Fotoe maachen
Dagesliicht, rouegen Hannergrond, e puer Perspektiven. Annoncë mat gudde Fotoe fanne vill méi séier e Keefer.
💶Realistesche Präis setzen
Kuckt, wat vergläichbar Saache kaschten — e faire Präis bréngt déi séierst Ofschlëss.
✍️Éierlech beschreiwen
Zoustand, Gréisst, Alter a kleng Feeler direkt uginn. Éierlechkeet bréngt gutt Bewäertungen — an déi verkafe fir Iech weider.
⚡Séier äntweren
Interessente kucke meeschtens och aner Annoncen. Wie séier äntwert, mécht den Deal.
✨ Gutt ze wëssen — sou benotzt Dir Verkaf.lu
🔔Sich späicheren — Mail kréien
Dir sicht eppes Bestëmmtes? Klickt bei de Filteren op de 🔔-Knäppchen — Dir kritt eng E-Mail, soubal eng passend Annonce online geet. Är gespäichert Siche geréiert Dir am Profil ënner Astellungen.
✂️Fotoen dréinen an zouschneiden
Beim Astelle vun enger Annonce klickt op ✎ op enger Foto: dréinen, zoomen, réckelen. Wat Dir am Kader gesitt, gëtt exakt esou op der Annonce gewisen.
🔵Ukomm oder gelies?
Am Chat gesitt Dir ënner Ärer leschter Noriicht zwee Häkercher: gro mat »Ukomm« = zougestallt, blo mat »Gelies« = äre Chat-Partner huet se opgemaach.
🖐️Fotoe wiesselen — iwwerall
Wëscht mat Fanger, Maus oder Trackpad iwwer d'Fotoen — op de Kaarten, op der Annonce-Säit an am Vollbild. Pfeiler ginn et fir Klick-Frënn natierlech och.
🌙Hell oder donkel
De Sonn/Mound-Knäppchen uewen an der Leescht wiesselt tëscht hellem an donkelem Design — praktesch fir owes am Bett.
❤️Verkeefer followen
Um Profil vun engem Verkeefer op + Followen klicken — da kritt Dir owes e Resumé vu sengen neien Annoncen. An den Astellunge kënnt Dir och direkt Mailen oder guer keng wielen.
❓ Oft gestallte Froen (FAQ)
💰Wat kascht Verkaf.lu?
Näischt. Verkaf.lu ass 100 % gratis fir Privatleit — keng Kommissiounen, keng verstoppte Käschten.
🚀Wéi verkafen ech eppes?
Uewen op + Annonce klicken, Foto maachen, Beschreiwung a Präis androen — an ënner 2 Minutten online.
💬Wéi kontaktéieren ech e Verkeefer?
Op der Annonce op Noriicht klicken an direkt am agebaute Chat schreiwen. Är E-Mail-Adress bleift privat.
🛡️Si Konte verifizéiert?
Jo — all Kont muss seng E-Mail-Adress confirméieren. Verdächteg Profiller kënnt Dir direkt aus dem Chat mellen.
💶Wéi gëtt bezuelt?
Bei der Iwwergab: boer oder mat Payconiq. Online-Bezuelung iwwer de Site gëtt et net — kee seriéise Verkeefer freet Iech no enger Virauszahlung.
🎭Firwat gesinn ech Annoncë mat »Demo«?
Dat si Beispill-Annoncen, déi weisen, wéi de Maart funktionéiert. Si maache Plaz, wéi méi echt Annoncë bäikommen. Tipp: Mam 📸 Mat Foto-Filter gesitt Dir nëmmen echt Annoncen.
🗑️Wéi läschen ech mäi Kont?
Am Profil ënner Astellungen op Kont läschen. Är Donnéeën an Annoncë gi komplett geläscht.